|
Grouss ass eise Schmäerz, Du liefs virun en eisem Häerz. Mir vermëssen dech Dag fir Dag, well Du waars ëmmer fir eis do, hues alles fir eis gemaach.
Mat Léift an Dankbarkeet soe mir eisem léiwen, onvergiessleche Mann, Papp, Brudder, Schwoer, Monni a Cousin, dem Här Jean SCHMIT Mann vum Margot SCHEER Äddi. Hien ass friddlech entschlof am Centre-Hospitalier Emile Mayrisch e Sonndeg, de 7. Februar am Alter vu 76 Joer.
D’Begriefnis ass am engste Familljekrees. D’Mass fir de Verstuerwene gëtt gehalen an der Porkierch zu Rëmeleng, den 11. Februar 2010 um 16.00 Auer. An déiwer Trauer: Margot Schmit-Scheer, Josette Schmit an Henri Majerus, Jeannot Schmit a seng Frëndin Hortense, an d’ganz Famill, d’Frënn an d’Bekannten. E ganz grousse Merci un d’Equipe vum bénévolat, dem Personal vun der U34 an 33 an dem Dokter F. de Moine souwéi dem Dr. B. Thill. Rëmeleng an Diddeleng, den 9. Februar 2010 Déi Leit, déi un eise léiwe Verstuerwene besonnesch wëllen denken, kënnen dat maache mat engem Don un „Omega 90“, CCPL IBAN LU49 1111 0726 1761 0000 mam Vermierk „Don Jean Schmit“.
|